YOUstice

Fir d’Grondlage vun der Justiz ze verstoen, hunn d’Schülerinnen an d’Schüler vun der 4CLC1 a Begleedung vun der Madamm Coryse Hubert an der Madamm Annik Schank um Projet “YOUstice” um Stater Geriicht deelgeholl. Dësen interessanten Atelier gëtt vum Zentrum fir politesch Bildung organiséiert. Nodeems déi Jonk als Zuschauer bei enger Geriichtsverhandlung derbäi waren, hunn si an engem Rollespill d’Roll vun de verschiddenen Acteure vun der Lëtzebuergescher Justiz iwwerholl. Si konnten och mam Maître Patrick Ries, engem Ancien vun eisem Lycée a mam Substitut Guy Breistroff iwwert d’Beruffer an d’Roll vun der Justiz an engem Rechtsstaat diskutéieren.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu