Véier Schüler vun der Première Classique ( Sektioun Informatik a Kommunikatioun) hu mat Bravour déi 1. Plaz um Hackathlon Event 2025 zu Lëtzebuerg ergattert! En Hackathlon ass eng zäitlech begrenzt Veranstaltung iwwert e puer Deeg, bei der d’Participanten a Gruppen zesummen un technologesche Léisunge schaffen (App, Software, Hardware, asw.) an déi dann och virstelle mussen.
Zu Lëtzebuerg hunn dëst Joer 40 Participante matgemaach. Et goung drëms dës Challenge ze léisen: déi lëtzebuergesch App “LuxChat” ze optimiséieren an ze verbesseren. Eis véier Schüler vun der 1CI (Marwan Lamesch, Hélder Ribéiro, Vlad Ungureanu, Anton Hryhevich) haten di bescht Iddien an Ëmsetzungen. Sie hunn déi modelléiert, der Jury proposéiert an domat och iwwerzeegt!
Eis Felicitatiounen!