Liesung vum Maude Blaschette

Fir spannend Momenter huet d’ Maude Blaschette, Gewënnerin vum nationale Literaturpräis an der Kategorie “jeunes auteurs/autrices de 12 à 19 ans”, gesuergt, wéi hatt der 5CL1 an der Schülerbibliothéik aus sengem Jugend-Krimi “Silent Screams” virgelies huet.

D’Schüler an d’Schülerinnen  haten am Virfeld zesumme mat hire Proffen, der Madamm R. Stölben an der Madamm T. Wagener, e ganze Koup Froe preparéiert. Dobäi ass net nëmmen iwwert de Roman diskutéiert ginn, mee d’SchülerInnen wollten ënner anerem och méi iwwer de Schreifprozess an d’ Zukunftspläng vun der jonker Autorin gewuer ginn.

Den LCE seet dem Maude Merci fir déi flott Liesung  an felicitéiert hatt nach eng Kéier fir säi Gewënn!

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu