Chrëschtdagowend an der Orangerie

Kuerz virun de Feierdeeg hunn d’Museksklassen e Méindeg den Owend op hiere Chrëschtdagowend am Orangerieskeller invitéiert.
A Form vun enger inszenéierter Live-Iwwerdroung an enger Radiosemissioun hu si hir Museksprestatioune mat Engagement, Leidenschaft a vill Spaass virgedroen.
Zu Gaascht waren – nieft dem Proffechouer – och fréier Museksschüler, déi mat vill Häerz am Asaz waren.Uschléissend un de Concert hu si op e gemittlecht Zesummesinn mat Kuch a waarme Gedrénks am Gaart vun der Orangerie agelueden an den Owend an enger besonnescher Atmosphär ausklénge gelooss. 

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu