Op der éischter Editioun vum Wantermaart am LCE konnt déi ganz Schoulgemeinschaft flott Momenter virun der Chrëschtvakanz zesumme verbréngen.
Op verschidde Stänn hu Schüler Iessen a Gedrénks ugebueden, an et gouf ënner anerem d’Méiglechkeet, selwergemaache Chrëschtkaarten an Deko ze kafen, eng Chrëschtgeschicht virgelies ze kréien, ze bastelen oder Facepainting ze maan.
Mir soen alle Schüler, Enseignanten an EPS-Memberen e grousse Merci fir hiren Engagement op de Stänn.Merci och un d’Membere vun der Elterevereenegung, déi sech Zäit geholl hunn, fir op de Wantermaart grillen ze kommen, an un d’Membere vum Service technique, déi eis gehollef hu beim Plangen, Opbauen an Dekoréieren.
Mir si frou, datt déi éischt Editioun vum Wantermaart sou e Succès hat, a freeën eis schonn, d’Editioun 2026 ze plangen.