Pénktlech zum Schluss vum Joer kënnt eis Chronik vum leschte Schouljoer, den ANNO 24-25, frësch aus der Dréckerei!
Eist Yearbook weist flott Klassen- a Gruppefotoen, déi schéinste Momenter vum Schouljoer, spannend Artikelen a Réckblécker, an nach vill aner Erënnerungen, déi d’Joer 24-25 am LCE onvergiesslech maachen!
Dir kritt den ANNO fir 25 € (cash oder payconiq) am Sekretariat ze kafen. Mee opgepasst – d’Oplag ass limitéiert!