No der Prüfungszäit hunn d’Schüler*innen vun der 4CLC1 an d’Latiniste vun der 2CC zesumme mat hire Proffen, der Madamm Dani Breuer, der Madamm Annik Schank an dem Här Roger Recht, un engem flotte Schoulausfluch op Bréissel deelgeholl.
Um Programm stoung d’Expositioun „Le Dernier Jour de Pompéi“ – eng immersiv a pädagogesch Erfarung, déi déi lescht Stonne vun der anticker Stad Pompeji noerzielt. D’Ausstellung bitt 360°-Projektiounen, Virtual-Reality-Sequenzen an authentesch Replicken, déi de Liewensalldag an déi historesch Momenter vum Ausbroch vum Vesuv am Joer 79 n. Chr. op eng impressionnant Aart a Weis erëm opliewe loossen.
Ier et no dëser faszinéierender Rees an d’Geschicht nees heem goung, haten d’Schüler*innen nach d’Geleeënheet, e puer schéi Stonne bei gudder Stëmmung an der belscher Haaptstad ze verbréngen.