Atelier 2 en 1

D’SchülerInne vun der 2GCG an der 2GSO hun haut un enger Präsentatioun iwwert d’lëtzebuerger Wirtschaft deelgeholl. Fir t’éischt huet d’Madamm Jill Brimaire, Ekonomistin vun der Chambre de commerce, de SchülerInnen e puer Zuelen zur Populatioun, zu der Entwécklung vun der Wirtschaft an awer och zu den aktuell wichtege Secteure ginn. Duerno huet de Jacques Schreiner vum House of Entrepreneurship erkläert wat d’Viraussetzungen si fir Entrepreneur ze sinn, wat déi verschidde Steps si fir eng Firma ze grënnen a wou een sech kann Ënnerstëtzung bäi esou enger Grënnung sichen. Ofgeronnt huet de Charles Schroeder dësen interessante Virtrag. Als ancien élève, Eechternoacher Jong a Grënner vu Rent.Group (Party Rent) huet hien de Schüler gewise wat een alles mat der richteger Motivatioun leeschte kann. Nët wéineg hun eis SchülerInne gestaunt wéi sie gesin hunn fir wéi eng riesen a bekannten Events d’Firma Miwwele verlount. Vläicht ass jo ënnert eise Schüler deen een oder anere futur Entrepreneur derbäi?

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu