Eng Schülermannschaft vum LCE huet den Donneschdeg, den 29.01.2026, mat vill Engagement an enger super Teamstëmmung un engem Volleyballturnéier am LAML (4vs4 Cadets mixte non-affiliés) deelgeholl. An der Virronn hunn si gutt gespillt, zesumme gehalen an et verdéngterweis bis an d’Aachtelfinale gepackt, wou si sech leider ganz knapp net behaapte konnten. Trotzdeem hat d’Ekipp vill Spaass a konnt wäertvoll Erfarunge sammelen. Mir soe villmools Merci un all eis Spiller!
Op der Foto: Jimmy Kolber, Cécile Contor, Tim Focht an Levy Braas
(Coach: Jan Mikeska)