LASEL Ski-Championnat 2026 zu Adelboden

Training, Riseslalom a Slalom stoungen um Programm vum Weekend zu Adelboden, dee vum 16. bis den 18. Januarstattfonnt huet. D’Konditioune ware perfekt, mat dräi Deeg Sonn.
Eis sechs Schüler hunn am Riseslalom probéiert, schonn an der éischter Manche eng gutt Zäit ze fueren. Op der Weltcup-Pist um „Chuenisbärgli“ war et awer nach relativ äiseg, sou datt den Nick Spitz an d’Emma Leitz an hire jeeweilege Kategorien net iwwer eng 4. Plaz erauskomm sinn.
Am Slalom ass et besser gelaf: Emma Leitz konnt sech eng exzellent 2. Plaz an der Kategorie Cadettes sécheren, a Philipe Di Floriano huet an der Kategorie Junior-Seniors eng 3. Plaz erreecht.
Mir gratuléieren hinnen häerzlech, mee och Lenny Reuter a Julie Warken, déi en net ganz einfache Parcourserfollegräich gemeeschtert hunn.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu