Woyzeck am Kapuzinertheater

D’Schüler vun de Klassen 3CC, 3CG a 3CE waren eng Iwwerschreiwung vum Georg Büchner sengem Stéck “Woyzeck” an de Kapuzinertheater kucken. Déi modern Interpretatioun vum Ensemble Glossy Pain war iwwerraschend an erfrëschend an huet de Schüler Raum ginn, sech kritesch mam Inhalt vum Stéck a senger Adaptatioun ze befaassen. No der Opféierung haten d’Schüler d’Geleeënheet, d’Membere vu Glossy Pain kennenzeléieren an hinne Froen ze stellen.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu