D’Schüler an d’Schülerinne vun der 4C3 haten d’Geleeënheet, déi franséisch Autorin ze treffen an un engem interaktive Literatur-Workshop deelzehuelen.
D’Madamm Malye huet fir d’éischt hire perséinleche Parcours presentéiert. Besonnesch impressionant: Si huet hiert éischt Buch schonn am Alter vu 15 Joer publizéiert!
Duerno goung et kreativ weider: A Gruppen hu Schüler hir eege Geschichte geschriwwen an entwéckelt. Zum Schluss konnt all Grupp seng Aarbecht presentéieren a krut wäertvolle Feedback vun der Schrëftstellerin.
Den LCE seet villmools Merci fir dëse flotte Besuch an déi inspiréierend Momenter!