LASEL – Championnats de Natation

Eng Schülerekipp vum LCE huet den Donneschdeg, den 05. Februar 2026, mat vill Asaz um Schwammchampionnat vun der LASEL an der Schwämm um Geesseknäppchen deelgeholl. Eis Schüler hunn sech super ugestrengt a staark Leeschtungen gewisen, och wa si sech dëst Joer leider keng éischt Platz sécheren konnten. Trotzdeem war et eng wäertvoll Erfarung an eng flott Geleeënheet, hir Fäegkeeten ze testen an zesummen eng sportlech Zäit ze verbréngen. Mir si stolz op si a soe Merci un all eis Schwëmmer!

Op der Foto: William Hodgson, Alex Hodgson, Leo Muller, Fabio Palmisano, Noah Ferreira an Amélie Schiltz

(Coach: Jan Mikeska)

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu