Eng Proffeékipp vum LCE huet de Freideg, den 06. Februar 2026 ze Dikrech, mat vill Teamgeescht um alljärlechen Volleyballsturnéier tëschent 18 verschidden Lycéeën deelgeholl. No enger solider Leeschtung an der Virronn hunn si sech souverän fir d’KO-Ronn qualifizéiert. Do sinn si dann leider géint déi um Enn zweetplacéiert Ekipp ausgescheet. Trotzdeem war et eng staark a flott Leeschtung vun eiser Ekipp. E grousse Merci un all déi, déi matgespillt hunn!
Op der Foto: Robert Schartz, Metty Kapgen, François Thillen, André Origer, Anna Osweiler an Jan Mikeska