KI-Workshop an eiser Schoul

D’Schülerinnen an d’Schüler vun der 1CI, 2CI an 2GCG hunn an de leschten zwou Wochen um Workshop zum Thema „Kënschtlech Intelligenz“ vum Ministère de l’Économie deelgeholl. An dësem Workshop hunn d’Klassen net nëmmen den technesche Fonctionnement vu KI-Tools kennegeléiert, mee si konnten och mat Hëllef vu prakteschen Aufgabe selwer erausfannen, wou d’Méiglechkeeten – awer och d’Limite – vun dëse Technologië leien.
 
Eng spannend Erfarung, déi gewisen huet, wéi wichteg et ass, KI bewosst a kritesch ze benotzen.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu