Säit Ufank vum Joer 2026 gehéiert den Iechternacher Lycéee offiziell zum Réseau vun den UNESCO-associéierte Schoulen.
D’Madamm Simone Beck, Presidentin vun der nationaler UNESCO-Kommissioun, huet an deem Kader zwou Konferenzen (eng fir Schüler*innen, de 26. Februar an eng fir Personal an Elteren, den 3. Mäerz) am LCE gehalen, fir d’Missiounen an d’Aarbecht vun der UNESCO virzestellen.