D’Expo “La vie à Echternach”: e Beweis fir d’Kreativitéit an d’Solidaritéit vun eise Schüler!
Aus der Iddi vun der Kulturkommissioun vun der Iechternacher Gemeng zesumme mam LCE e gemeinsame Projet ze realiséieren, ass séier d’Thema „d’Liewen zu Echternach“, mat enger Konferenz an enger Ausstellung vu Biller vun eise Schüler ronderëm dëst Thema entstanen.
Vill Visiteure konnte den 10. Mäerz am Foyer vum Trifolion 128 Schüleraarbechte bewonneren: 16 verschidde Klasse vu 7e bis 1re a 6 Optiounen hunn sech déi lescht Méint an hire Konschtcoursë kreativ mat dësem Thema ausernee gesat. Si hunn dobäi ganz ënnerschiddlech Techniken ausprobéiert a weisen eis hire ganz perséinleche Bléck op d’Liewen zu Iechternach. E groussen MERCI un eis engagéiert Konschtprofessorinnen, déi dëse flotte Projet mat vill Häerzblutt ëmgesat hunn.
No der interessanter Konferenz vum Historiker Marc Schoellen goufen deen Owend dës Wierker fir de gudden Zweck versteet: Den Erléis geet un UNICEF, déi sech fir Kanner a Kannerrechter asetzen.
D’Schüler hunn den Owend d’Visiteuren och ganz häerzlech opgefuerdert op d’Säitefligele vun engem Triptychon hir Gedanken zum Liewen zu Echternach dobäi ze schreiwen, esou datt zum Schluss e kollektiivt Wierk entstanen ass, dat d’Gemeng Iechternach gesteet huet.
D’Ausstellung mat alle Wierker ass nach bis de 6. Abrëll 2026 all Dag vun 13:00 bis 18:00 Auer am Foyer vum Trifolion ze gesinn.