Den 12. Mäerz 2026 hu 6 Schüler vum LCE um Equippe Championnat am Dëschtennis vun der LASEL deelgeholl.
De Fynn Kohnen konnt zesumme mam Ben Witry Dias eng flott 5. Plaz an der Kategorie D erreechen.
An der Kategorie „non affilié“ hunn de Lio Nussbaum an de Pit Hoffmann déi 25. Plaz beluecht.
Den Amaury Clees-Degueurse zesumme mam Louis Walch hunn eng staark 9. Plaz erkämpft.
Villmools Merci un all d’Participante fir hiren Asaz an hiren Engagement!