Op der Foire aux options am Kräizgang an am Spigelsall kruten eis Schülerinnen a Schüler vu 4e en interessanten Abléck an déi vill Optiounscoursen, déi si am Schouljoer 2026–2027 wielen kënnen.
Et gëtt eng grouss Auswiel u spannende, kreativen a praktesche Coursen – vu Sport, Konscht a Technologie bis hin zu Sproochen an Entrepreneuriat.
Eng super Geleeënheet, fir nei Interessen ze entdecken an eegen Talenter ze entwéckelen.