D’Schüler*inne vun der 4C4 haten d’Geleeënheet, zesumme mat der Madamm R. Hamzeh, der Madamm T. Wagener an dem Här L. Weber beim GoodFoodLoop vum SNJ derbäi ze sinn.
Am Laf vum Dag hunn si un engem ofwiesslungsräiche Programm deelgeholl, mam Zil, de Jonken d’Freed un der Beweegung an enger gesonder Ernärung méi nozebréngen. Sou konnten si niewent engem Kachworkshop och Yoga, Functional Training, Breakdance a Skateboarding ausprobéieren.