Projet „Saugutt“

Am Kader vum Projet „Saugutt“ vun de Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren hunn d’Klasse 7C5 (Gilles Bonert) a 6C4 (Catia Biel) sech déi lescht 3 Méint intensiv mat der Zukunft vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft beschäftegt.
D’7C5 huet mat Internetrecherchen an enger Visitt um Bauerenhaff de aktuelle Stand analyséiert an sech Gedanke gemaach, wat sech an Zukunft ännere muss.
Eng Jury war begeeschtert: Nieft de Recherchë gouf och e groussen Interview am Klassesall duerchgefouert – an dat mat esou vill Engagement, datt béid Klassen et bis an d’Final gepackt hunn! Beim Event „Bauerenhaff an der Stad“ (Weekend vum 20. Mäerz) goufen d’Aarbechte presentéiert – an de Public huet ofgestëmmt…
1. Plaz fir d’7C5! 1500€ fir eng Busrees – den Ausfluch kënnt!
3. Plaz fir d’6C4! 500€ fir d’Kloterhal zu Iechternach – perfekt fir e flotte Schouljoer-Ofschloss!
Mir si mega houfreg – Felicitatiounen un all d‘Schüler*innen an d‘Enseignanten!

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu