VolleyCup

Den 22. Mäerz 2026 huet de Volleyballtournoi „VolleyCup“, organiséiert vu véier SchülerInnen vun der Klass 2GCG, stattfonnt.

Am Ganzen hu 15 Ekippen un dësem Tournoi deelgeholl an op den éischte Platze konnten sech follgend Ekippe placéieren :
3. Platz: Ekipp Balu
2. Platz: Ekipp Ensa Volleyball
1. Platz: Ekipp Volley

D’Ekippen hunn den Tournoi mat vill Engagement an an enger flotter Ambiance gespillt.

D’SchülerInne vum Projet VolleyCup soe jidderengem villmools Merci, deen dobäi war a felicitéiert de Gewënner nach eemol ganz häerzlech! E grousse Merci geet och un d’Sponsoren an un all déi Leit, déi beim Tournoi gehollef hunn.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu