Gold- a Bronzemedaillen op der LPO 2026

D’Africa Matos Lima (1CG) an d’Laetitia Liiga (1CA) hunn eise Lycée bei der dësjäreger Finall vun der Lëtzebuerger Philosophieolympiad 2026 representéiert – mat engem extraordaire Resultat: 1. Plaz fir d’Africa an 3. Plaz fir d’Laetitia !
Dem Africa seng philosophesch Reflexioun zum Thema „Peace – more than just the absence of war?“ huet d’Jury sou iwwerzeegt, dass en eestëmmeg als Gewënnertext ausgewielt gouf. Duerch dës fantastesch Leeschtung wäert si Lëtzebuerg (an den LCE 🙂 bei der 34. Internationaler Philosophieolympiad zu Warschau (Polen), déi vum 14. bis 17. Mee stattfënnt, representéieren.
Mir gratuléieren deenen zwee Schülerinnen häerzlech zu dësem grousse Succès a wënschen dem Africa vill Erfolleg bei dëser nächster grousser Erausfuerderung!

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu