De 14.4.2026 huet d’Cellule d’Orientation vum LCE fir d’zweete Kéier eng Matinée d’Information/Orientation organiséiert fir de Schüler vun de 5G, 4G an 3G e puer vun deene ville flotte Studien- a Beruffsméiglechkeeten déi si an deene nächste Jore wäerten hunn virzestellen.
Et goufe Formatiounen a Beruffer a verschiddenen Domainer virgestallt: Alimentatioun, Bâtiment / Construction, Natur, Kultur, Police, Arméi, Commerce, Industrie, Santé, Educatioun, Automobilsekteur, …