Den 30. Abrëll hu sech 16 Lycéeën op der Kockelscheier am Padeltennis gemooss – enger dynamescher Racketsportaart, déi Elementer aus Tennis a Squash kombinéiert an déi meeschtens am Duebel op engem ëmgitterte Terrain gespillt gëtt.
No enger spannender Initiatioun stoung e klengen Tournoi um Programm. Fir den LCE hunn de Jonas Halldorsson an de Ben Schmalen eng ganz staark 6. Plaz vun 16 Equippen erreecht!