Classes musicales & Friends

Classes musicales & Friends
Och fir déi dësjäreg Editioun vum Concert Classes Musicales & Friends, haten déi jonk Museker vun der 7e, 6e a 5e musicale fläisseg geschafft. Jeeweils als Museksklass, a klengen an a groussen Ensembelen, als Moderatoren esou wéi zesumme mat de Schüler vun der 7C2 an der 2CGE, sinn si opgetrueden an alleguer hunn si hier Talenter an hire Fläiss ënner Beweis gestallt.
Och de Schülerchouer, de Proffechouer an AMEMYA hunn dozou bäigedroen, dem Publikum e schéinen an ofwiesslungsräichen Owend ze bidden.Bravo alle Matwierkenden!

 

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu