Fir d’zweet Joer hannerenee konnt eng Klass vum LCE sech den 1. Präis am Concours Jeune Journaliste, organiséiert vum Conseil de la presse, sécheren. No der 2CA d’lescht Joer ass et dëst Joer d’3CA-MEDF déi sech iwwert e Chèque vun 250 € an eng Visitt an enger Presseredaktioun freeën dierf. D’Theema dëst Joer war « Ensemble, au coeur de l’action ! Comment nous vivons ensemble, ce qui nous façonne et ce que nous pouvons apprendre les uns des autres. »
Mat enger Rei Interviews mat Restaurateure mat engem Migratiounshannergrond konnten d’Maylee Braas, d’Maya Bracco, d’Aurélie Dohn, d’Beatriz Fernandes Araujo an d’Emely Schönbeck de Jury fir sech iwwerzeegen.
Eis Felicitatiounen!!