E wichtegt Thema, dat eis all ugeet: d’mental Gesondheet vun eise Schüler.
Besonnesch an dëser Woch hu mir eis bewosst Zäit geholl, fir nozedenken, eis auszetauschen an eis géigesäiteg ze stäerken. Op eiser Foire haten d’Schüler vun de Superieursklassen, d’Méiglechkeet verschidden extern Servicer kennenzeléieren, direkt Froen ze stellen an erauszefannen, wou si Hëllef an Ënnerstëtzung fannen.
Flott Aktivitéiten ewéi Anti-Stress-Bäll selwer hierstellen, e Gefillsatelier, Meditatioun, Gléckssteng bemolen a “Mutmach-Glieser” dekoréieren a mat eegene Motivatiounssätz befëllen, hunn dozou bäigedroen, d’mental Gesondheet vun de Schüler ze stäerken an hinnen nei Strategien am Ëmgang mat Emotiounen ze weisen.
Fir d’Erwuessener gouf et eng Konferenz zum Thema Mobbing. Dëst wichtegt a sensibelt Thema huet en direkten Impakt op d’mental Gesondheet a weist, wéi wichteg Ënnerstëtzung a Präventioun sinn.
Zesumme setze mir eis am LCE fir méi Opmierksamkeet fir d’mental Gesondheet an.