Den 21. Abrëll hat d‘3CC d’Geleeënheet am Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) um Belval un 3 Atelieren deelzehuelen. D’Schüler stounge mat wäissem Kittel a Schongiwwerzéier an direktem Kontakt mat de Fuerscher a kruten en eemolegen an impressionnanten Abléck an hier Aarbecht am Beräich vun der Elektronemikroskopie, der Ionemikroskopie an der Massespektrometrie.