Visitt vun der Cité judiciaire

Am Kader vum Cours Economie & Droit huet d’Klass 2GSO d’Cité judiciaire besicht. Dës Visitt huet de Schülerinnen a Schüler en konkrete Abléck an den Oflaf vun engem Geriichtsprozess erméiglecht.
No der ëffentlecher Audienz koum et zu engem bereicherenden Austausch mat zwee fréiere Schüler vum LCE: dem Henri Eippers, Porte‑parole vun der Justiz, an der Anne‑Catherine Bollendorff, Attachée de justice beim Parquet. Am Mëttelpunkt stoungen den Opbau an de Fonctionnement vum lëtzebuergesche Geriichtssystem souwéi d’Beruffsperspektiven an d’Opportunitéite vun engem Droitstudium.
Fir d’Schüler vun der 2GSO war dës Aktivitéit besonnesch interessant a léierräich.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu