Am Kader vum Fach Gestion de projet hu véier Schülerinnen aus der Klass 2GCG sech dofir entscheet, de Projet Kidconomy – Les petits génies de l’économie ëmzesetzen, fir d’Kanner op spillerescher Aart a Weis d’Thema Finanzbildung méi no ze bréngen an hinnen ze weisen, wéi wichteg et ass scho fréi genuch mat Geld ëmzegoen.
Wärend zwou Wochen hu si eng interaktiv Aktivitéit fir d’Schüler aus dem Cycle 4.2 an dräi verschidde Schoulen organiséiert.
Mat vill Kreativitéit an Engagement hunn si de Kanner op spillerescher Aart a Weis d’Thema Budget, Finanzbildung a bewosst Entscheedunge méi no bruecht. Duerch hiert selwer entwéckelt wirtschaftlecht Spill konnten d’Schüler léieren, wéi wichteg et ass gutt mat Geld ëmzegoen a Prioritéiten ze setzen.
De Projet war e grousse Succès a gouf vun de Kanner wéi och vun den Enseignantë ganz positiv opgeholl. Eng flott Initiativ, déi weist, wéi wichteg a wäertvoll praktesch Finanzbildung scho vu jonkem Alter un ass.
Mir felicitéieren eis Schülerinne fir hir ganz gutt Leeschtung, hiren aussergewéinlechen Engagement an dëse gelongene Projet.