ir soen de ville Leit villmools Merci, déi gëschter Mëtten op d’Portes ouvertes vum LCE komm sinn, fir déi grouss schoulesch Offer an den eenzegaartege Site vum Iechternacher Lycée kennenzeléieren.
E grousse Merci och eisen Enseignanten a Membere vun de Servicer, déi sech flott Demonstratiounen a Workshops fir d’Kanner ausgeduecht haten a sech de Froe vun den Eltere gestalt hunn.
Dobäi goufen si vun engagéierte Schüler a Schülerinnen ënnerstëtzt, déi mat Begeeschterung déi vill Facette vum Liewen a Léieren am LCE gewisen hunn.
Preinscriptioun 7e : Et kann een sech vun elo u bei eis viraschreiwen: op eisem Internetsite – www.lce.lu
Déi definitiv Umeldunge fir 7e si vum 8. bis de 26. Juni 2026.