Präisiwwerreechung vun der LPO 2026 & International Olympiad zu Warschau

Den 19. Mee huet am EduPôle zu Walfer d’Präisiwwerreechung vun der Lëtzebuerger Philosophieolympiad 2026 stattfonnt. Et war eng flott Geleeënheet, déi aussergewéinlech Leeschtunge vun eisen zwou LCE-Schülerinnen nach eng Kéier ervirzehiewen: d’Africa Matos Lima (1CG) an d’Laetitia Liiga (1CA), déi respektiv mat enger Gold- a Bronzemedaille ausgezeechent goufen. Iwwert folgende Link kann een och en Interview mam Africa um 100komma7 lauschteren:

No hirer Victoire op der nationaler LPO fir d’Africa op der internationaler Epreuve weidergaangen. Dës huet déi läscht Woch zu Warschau stattfonnt, wou d’Africa zesummen mam Caroline Serres vum LBV Lëtzebuerg vertrueden huet. Fir d’Africa war dëst, wéi si selwer sot, eng exzeptionell Erfarung, déi si sécherlech nach laang wäert prägen.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu