Den 21. Abrëll 2026 huet d’4GSO1 zu Huelmes um Workshop “Comparaison de deux écosystèmes: eau et forêt” vum SNJ deelgeholl. D‘Schüler haten d’Geleeënheet eise Bësch an d‘Séisswaasser als Ökosystemer mei genee ze ënnersichen an ze vergläichen. Déi Woch drop huet d’6G2 zu Huelmes den Ökosystem Séisswaasser mei genau ënnersicht. Accompagnateurs waren de Luc Majerus, d’Manon Pint, d’Marie Kinnen an de Charel Reuland.