Projet vun der 2GCG – LuxCup352

Den 11. Abrëll 2026 huet an der Sportshal zu Rouspert de LuxCup352 stattfonnt – en Hallefussballturnéier mat professionelle Banden, organiséiert vun den engagéierte Schüler vun der 2GCG. De Projet hat als Zil, Schüler a Proffen aus verschiddene Schoulen zesummenzebréngen an de Fairplay souwéi den Teamgeescht ze fërderen.
Iwwer Méint huet d’Organisatiounsteam mat vill Motivatioun a Verantwortung un der Virbereedung geschafft. Eng grouss Erausfuerderung war d’Finanzéierung vum Event, besonnesch fir d’Fussballbanden. Dank der Ënnerstëtzung vu ville Sponsoren an engem Carwash am LCE konnt dës Hürd erfollegräich gemeeschtert ginn.
Den Turnéierdag war gepräägt vu spannende Matcher 🥅, enger super Stëmmung an engem grousse Respekt tëscht alle Participanten. Nieft dem sportlechen Deel gouf och fir Iessen a Gedrénks gesuergt, wat zu enger frëndlecher a lieweger Atmosphär bäigedroen huet.
E grousse Merci geet un all Helping Hands an un d’Sponsoren, déi dësen Event méiglech gemaach hunn.
De LuxCup352 bleift als e gelongene Projet an enger ganz positiver Erënnerung.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu