D’4C4 an d’3GPS ware mat hiren Enseignanten zu Heidelberg, wou si d’Ausstellung „Körperwelten“ besicht hunn a faszinéierend Ablécker an d’mënschlech Anatomie kritt hunn. D’Ausstellung huet gewisen, wéi d‘Muskelen, d‘Organer an d’Nervesystem opgebaut sinn. Och Themen ewéi Krankheeten an d’Auswierkunge vum Liewensstil op de Kierper goufen op eng ganz visuell an impressionnant Aart a Weis vermëttelt.
Duerno stoung e Spadséiergang duerch d’Heidelberger Alstad um Programm, mat enger schéiner Vue op d’Heidelberger Schlass an de Neckar. Ofschléissend ass och nach Zäit bliwwen, fir e bëssen ze shoppen an dëse flotten Dag gemittlech auskléngen ze loossen.