Theater am LCE

Den 11. Mee huet den Theatergrupp vum LCE de berüümten Detektiv Sherlock Holmes am Arthur Conan Doyle sengem bekannte Stéck “Der Hund von Baskerville” opliewe gelooss.
28 talentéiert Schauspillerinnen a Schauspiller duerfte viru ronn 200 Zuschauer optrieden, an de Public krut eng spannend Geschicht erzielt.
An natierlech… wéi kann et och anescht sinn: de Sherlock Holmes konnt de Fall léisen — hie wollt sech jo net blaméiere virun esou villen Zeien!
E grousse Merci geet un all eis talentéiert Schauspillerinne a Schauspiller an un hir ganz engagéiert Encadranten!

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu