Den 21. Mee huet eis Mini-Entreprise ViNova – zesumme mat hirem Coach Jody Mc Namara vun J.P. Morgan an hirem Titulaire Paul Kohnen – um JEL Day deelgeholl. Am Kader vum Jel Day huet och d’Final vun de Mini-Entreprise stattfonnt. Moies hunn déi 16 Equippen, déi sech fir d’Final qualifizéiert haten, hir Produiten am Shopping Center Auchan presentéiert. Mëttes hunn d’Finalisten duerno hire Pitch virun engem grousse Public am Kinepolis gehalen.
Zum Ofschloss vum Dag sinn déi bescht Mini-Entreprise bei der Awards Ceremony am Kin’Eck ausgezeechent ginn. Gewënner vun dësem Joer ass d’Mini-Entreprise SoilStallion aus dem LAML.
E grousse Merci geet un eis 5 engagéiert Schüler vun der Mini-Entreprise ViNova fir hiren Asaz an d’Erreeche vun der Final. Si hu vill wäertvoll a positiv Erfarungen aus dësem Concours matkritt.