Den 8. Mee huet d’Madamm Sabina Dipierro vun der Inter-Actions a.s.b.l. de Schüler vun der 2GCG am Kader vun der Madamm Berscheid hirem Cours e Virtrag iwwert Surendettement gehalen.
D’Schüler krute präziséiert wat d’Aufgab vun Inter-Actions ass, wou vun ze ville Scholde betraffe Leit sech kënne mellen, wisou Mënschen an d’Situatioun vum Surendettement kommen a wéi si da gehollef kënne kréien. Duerno hunn d’Schüler op eng immens flott Aart a Weis selwer missten e Budget fir verschidden Type vu Menagen opstellen. A Gruppen hunn si decidéiert wéi eng Depense wéi en Haushalt maache soll an hu festgestallt, dass dat guer net esou einfach ass ze decidéiere wéi een Auto ee keeft, wouhin ee wunne geet, ob ee lo en Netflix-Abo maache soll oder net a wéi vill ee fir Iesse pro Mount arechne soll. Dës Iwwerleeunge sinn natierlech ganz ënnerschiddlech ze féiere jee nodeem wéi vill Persounen zu engem Ménage gehéieren, ob d’Persoune schaffe ginn oder net, Kanner hunn oder net. D’Schüler hunn hir Iwwerleeungen zum Schluss präsentéiert.
Op alle Fall ass et wichteg :
• sech ee Budget opzestellen,
• am Fall vu finanzielle Probleemer fréi genuch no Hëllef ze froen an net ze probéiere selwer “aus de Scholde rauszekommen”.
Dës Aktivitéit passt perfekt an de Kader vum financial literacy Label un deem den LCE saït dësem Schouljoer schafft!