Eis 3. Schüler hunn de 6. Mee 2026 um MSR-Event am LCE deelgeholl. Duerch pedagogesch Atelieren an Aktivitéiten am Beräich Verkéierssécherheet a Mobilitéit goufen déi zukünfteg Chaufferen, ier si hire Führerschäi kréien, dozou motivéiert verantwortungsvoll a sécher um Stroosseverkéier deelzehuelen. Den Event gouf vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten zesumme mam MENJE organiséiert a gëtt vu Partnerorganisatiounen (CGDIS, ACL, Centre de Formation pour Conducteurs, AVL a Police Lëtzebuerg) ënnerstëtzt.