Am Kader vun der 3. Optioun Sport konnten d’Schülerinnen a Schüler während véier Stonnen d’Sportaart „Capoeira“ kenneléieren. Dobäi handelt et sech ëm eng afro-brasilianesch Konschtform, déi Kampf, Danz an Akrobatik kombinéiert.
Trainéiert ginn dobäi Fitness a Flexibilitéit, Koordinatioun – virun allem Rhythmus, Gläichgewiicht a Reaktioun – an gläichzäiteg gëtt och d’Gemeinschaftsgefill gestäerkt.
Ënnert der Leedung vum Capoeira-Trainer Elton Lopes konnten d’Schülerinnen a Schüler éischt Erfarungen an dëser spannender Sportaart sammelen.