LASEL – Laf Ronderëm de Séi 2026

Donneschdes virun der Péngschtvakanz fënnt all Joer zu Echternach de „Laf ronderëm de Séi“ statt. Och dëst Joer ware méi wéi 1400 Leefer um Start, dorënner ronn 100 Schüler a Mataarbechter vum Lycée Classique d’Echternach. Jiddereen, deen déi net ganz einfach Streck vu bal 7 km gemeeschtert huet, verdéngt grousse Respekt!

Besonnesch ervirzehiewen ass d’Leeschtung vum William Hodgson, deen an enger Zäit vun 23 Minutten a 35 Sekonnen eng staark 3. Plaz um Podium erreecht huet.

Mir gratuléieren him, awer och all deenen, déi de Laf erfollegräich ofgeschloss hunn.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu