LASEL – Dubbelchampionnat

En Donneschdeg, den 23. Abrëll 2026, hu sechs Schüler aus dem LCE um Dubbelchampionnat am Badminton vun der LASEL deelgeholl.
Bei de Cadets konnten den Noé Bissen an de Lio Nussbaum déi 17. Plaz erreechen.
An der Kategorie Juniors hunn de Justin Mehbod an de Victor Santer sech op déi 18. Plaz gespillt.
Besonnesch erfollegräich waren de Paul Karren an de Yannis Reiles, déi eng exzellent 3. Plaz ënnert 26 Equippe beluecht hunn.
Am Ganze waren 91 Dubbelformatiounen um Tournoi vertrueden.
Villmools Merci un all eis Schüler fir hiren Asaz an hiren Engagement!

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu