D’Schüler vun der 2CD ware mat der Madamm Berscheid an dem Här Mertens op Betzder zwou Entreprise besichtegen. Fir t’éischt waren si bäi der SES a kruten d’Firma präsentéiert, erkläert wat d’SES mécht a konnten de Site mat de risegen Antenne besichtegen. D’Geschicht iwwert den Developpement vun de Satellitten an déi dohannert stiechend Iwwerleeungen an Technik sinn immens faszinant. Och vun der RH kruten eis Schüler e puer Tipps fir d’Virbereeden op Virstellungsgespréicher. Direkt niewendrun befënnt sech den DEEP, e modernen Datenzenter vun der Post. Hei huet de Jerry Probst eis erkläert wat genau en Datenzenter ass, wéi vill Stroum sou en Datenzenter brauch a wat de Client’en ugebuede gëtt. D’Visitt vum ganze Gebai war spannend an huet de Schüler erméiglecht besser ze verstoe wéi e groussen Energieopwand z.B. hannert eisem alldeeglechen Notze vum Internet stécht.
Mir soe béiden Entreprise MERCI fir de spannenden Abléck an hiren Alldag!