LASEL – Championnat Beachvolleyball

Donneschden, den 04. Juni 2026 ass eng staark Jongenéquipe vum LCE zu Lintgen beim Beachvolleyballturnéier (2vs2, affiliés) ugetrueden.
Et waren am Ganze 17 Jongenéquippen ugemellt, a gespillt gouf a Poulen a Matcher vu 7 Minutten. Eis Grupp war ganz schwéier mat staarke Géigner. Dowéinst huet eis Équipe an der Virronn eng Kéier gewonn an leider zweemol verluer. Trotz engem ganz staarke Spill konnten eis Hären sech net fir d’Véierelsfinal qualifizéieren.

Mir soe hinnen villmools Merci fir hiren Asaz an hiert Engagement.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu