Am Kader vum Informatikscours op der 4GIG zum Thema Hardware sinn d’Schüler zesumme mat hiren Informatiksproffen an de Klassesall vun der Sektioun I gaangen, fir do a Gruppe Schoul-PCen zesummenzebauen. Dobäi hunn si Fotoe fir hire Rapport, an deem si déi verschidde Schrëtt am Detail beschreiwen, gemaach. Besonnesch erfreelech: Déi 9 PCe konnten um Schluss all erfollegräich gestart ginn!