D’Museksschüler aus dem LCE an d’Schüler vun der 4C1 goufen en Dënschdeg vum Lëtzebuerger Operesänger Franz Schilling a vum berüümte Pianist an Dirigent Christoph König mat op eng musikalesch Rees geholl. Mat vill Emotioun a Passioun hunn d’Museker d’Schüler mat verschiddenen Opernarien, Kunstlidder a Balladen duerch e puer Joerhonnerte gefouert.
Besonnesch gefall huet de Schüler den hautnoen Austausch mat de Kënschtler, bei deem si net just Fachwësse flott vermëttelt kruten, mee och hir perséinlech Froen zum Beruff an Alldag vun engem Profimuseker stelle konnten.
Mir soe dem SEL villmools Merci fir hire Besuch a freeën eis schonn op eng nächste Kéier!