Tëscht dem 1. an 8. Juni 2026 hunn eis 7e-Klassen, am Kader vun eisen Nohaltegkeetsdeeg, un enger Rei Atelieren deelgeholl. All Klass konnt matbestëmmen, zu wéi engem Theema aus dem Kontext vun der Nohaltegkeet si en Atelier kréie wéilten – doduerch waren d’Atelieren net just léierräich, mee och op hir Wënsch a Virstellungen zougeschnidden.
Mir soen den Intervenante vun der SDK Akademie, vu Partage Lëtzebuerg, dem CITIM, der ONGD Fairtrade Lëtzebuerg, dem Oekozenter Pafendall an de Seniors For Climate villmools Merci fir hir interessant Contributiounen an hiren Engagement.