Den 18. Juni 2026 huet am Liichtathletikstadion an an der Schwämm zu Dikrech de LASEL‑Aquathlon stattfonnt. Trotz der grousser Hëtzt hunn zwee vun eiser Schüler mat vill Engagement a Kampfgeescht deelgeholl an follgend Plazéierungen erreecht:
William Hodgson: 2. Platz an der Kategorie Junior/Senior licenciées
Alex Hodgson: 2. Platz an der Kategorie Cadets non‑licenciés
D‘Competitioun huet aus 200m Schwammen an 1200m Lafe bestanen. Häerzlech Felicitatiounen un béid Schüler fir déi staark Leeschtungen! Bravo!
(Coach: Jan Mikeska)