Merite Jeunesse – Ofschlossexpeditioun 2026

D’Ofschlossexpeditioun vum Merite Jeunesse war och dëst Joer nees eng Erfarung, déi de Schüler nach laang an Erënnerung bleiwe wäert. An dräi Deeg hu si sech zesummen den Erausfuerderunge vun der Natur gestallt, hu geléiert als Equipe ze funktionéieren an hir eege Grenzen ze iwwerwannen.

  • D’Expeditioun 2026 an Zuelen:
  • 3 Deeg Abenteuer
  • 2 Campingplazen
  • 1 Lagerfeier
  • 4 Naass Zelter
  • 1 Schüler, deen eng Minutt an der Sauer souz
  • 4 Tuteuren
  • 3 Schüler um Niveau Gold
  • 14 Schüler um Niveau Sëlwer
  • 17 Schüler um Niveau Bronze
  • 1–2 futtis Schong
  • 1–2 verstauchte Féiss
  • Vill Bloderen
  • Nach méi Zecken

Awer vill méi wichteg wéi d’Zuelen sinn d’Erënnerungen an d’Gefiller, déi dës Deeg geprägt hunn.

D’Expeditioun 2026 an Emotiounen:

  • Ustrengend Etappen
  • Onustrengend Schüler
  • Relax Momenter
  • Vill Freed beim Ukommen um Dageszil
  • A virun allem: Stolz, d’Expeditioun bis zum Schluss duerchgezunn ze hunn.

E grousse Merci geet un eis Tuteuren, déi d’Schüler wärend der ganzer Expeditioun begleet an ënnerstëtzt hunn. Gratulatioun un all Participanten, déi hir Bronze-, Sëlwer- oder Gold-Expeditioun erfollegräich ofgeschloss hunn!

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu